Op Luxauto.lu goen

RECHTLECH INFORMATIOUNEN

PRIVATLEIT PROFESSIONNEL LEIT
Luxauto.Lu ass en Internetsite fir Annonce fir nei an Occasiounsgefierer
Andeems Dir Iech bei Luxauto.lu enregistréiert, akzeptéiert Dir déi folgend Allgemeng Verkafsbedingungen.
Allgemeng Verkafsbedingungen fir Professioneller
1. Luxauto.Lu bidd de Useren d'Méiglechkeet, hier Annonce um Site ze publizéieren an déi vun senger Datebank aus affichéiert Offeren ze konsultéieren.
2. Déi vun engem Professionellen publizéiert Annonce gëtt no engem grafeschen Traitement vun der/de Foto(e) vum Verkafsobjet automatesch online gesat. All professionell Annonce gëtt bannent 24 Stonnen online gesat.
3. Fir all Annonce, déi op Luxauto.Lu publizéiert gëtt, ass déi éischt Foto gratis. Dir kënnt bis zu dräi weider Fotoen drop sëtzen, déi da bezuelt musse ginn. D'Foto, déi mat der Annonce kënnt, gëtt méi spéit ewéi d'Annonce selwer online gesat, dat hängt vun der Zäit, déi fir de Recadrage gebraucht gëtt.
4. Jiddwer "professionelle" User kann entspriechend den Allgemenge Verkafsbedingungen vu Luxauto.Lu eng onbegrenzt Zuel vu Gefierer op Luxauto.lu annoncéieren.
5. Fir eng Annonce op Luxauto.Lu opzeginn, muss de professionellen Annonceur e Partner vu Luxauto sinn. Fir Partner ze ginn, geet et duer, wann ee säi professionelle Kont kreéiert andeems een sech op https://prov2.luxauto.lu enregistréiert. Esoubal Är Demande traitéiert gouf, ginn Iech Zougangscoden (Login a Passwuert) zougeschéckt, fir dass Dir Äre professionelle Kont géréiere kënnt. Et ass méiglech, nei Gefierer, Occasiounen an Accessoiren an d'Annonce ze sëtzen.
6. D'Rechnungen an d'Accompten vun deenen op Luxauto publizéierten Annoncen ginn um Enn vun all Mount oder am Ufank vum Mount duerno zougeschéckt a si punktuell ze bezuelen.
7. Fir all Froen iwwert Tariffer kontaktéiert w.e.g. de Service commercial per E-Mail op folgender Adress : pub@luxauto.lu.
8. Jiddwer User akzeptéiert, dass d'Donnéeë, déi hien ugëtt, an der Datebank vu Luxauto.Lu stockéiert ginn an op dem Site vu Luxauto.Lu affichéiert kënne ginn. Donnéeë, déi era gi goufen an als "maskéiert" indexéiert goufen, ginn net an den Annoncen uginn.
9. Luxauto.Lu behält sech d'Recht vir , ouni weider Formalitéiten d'Publizéieren vun Annoncen a senger Datebank ze refuséieren.
10. D'Publizéieren vun Donnéeën op Luxauto.lu féiert zum Affichage während enger Dauer vu mindestens aacht Wochen (ausser wann d'Annonce no engem erfollegte Verkaf vum Annonceur geläscht gëtt).
11. D'Useren hunn d'Méiglechkeet, eng Annonce an de Limite vun der techneschen Disponibilitéiten mat Hëllef vun de Funktionalitéiten vum Site ze annuléieren oder ze änneren.
12. D'Datebank gëtt iwwert Luxauto.Lu géréiert an d'Adress an de Site sinn d'exklusiv Propriétéit vun der Gesellschaft Accessit Luxembourg S.à r.l., déi sech och em d'technesch Verwaltung, d'Exploitatioun sou wéi och ëm d'Redaktioun an d'Moderatioun këmmert.
13. Luxauto.Lu ass dem User vis-à-vis zu absolut net zu engem Resultat verflicht.
14. Luxauto.Lu behält sech d'Recht vir, d'perséinlech Donnéeën vun all User ze iwwerpréiwen an eventuell d'Enregistréiere vun Donnéeën a senger Datebank ze refuséieren. Am Fall vun engem Mëssbrauch oder der Benotzung vu falschen Donnéeën zum Nodeel vun Drëttpersounen, behält Luxauto.lu sech d'Recht vir, déi betreffend Persounen an/oder Gesellschaften vun der Benotzung vu senge Servicer auszeschléissen.
15. Jiddwer User dréit d'Responsabilitéit fir d'Wourecht an d'Rechtméissegkeet vu sengen Donnéeën déi hien an d'Datebank vu Luxauto.Lu era gëtt. Luxauto iwwerhëlt absolut keng Responsabilitéit fir Feele, déi de Verkeefer bei der Publikatioun vun Donnéeën oder vum Verkafspräis mécht.
16. Luxauto.Lu gëtt keng formell oder informell Garantie, wat den Inhalt vun den Annoncen ubelaangt, déi seng Usere geliwwert hunn, a Luxauto.lu leent all Responsabilitéit of.
17. Perséinlech Donnéeën, déi de User aginn huet, ginn net fir aner Zwecker stockéiert, wéi déi, déi néideg sinn fir eng reibungslos Funktiounsweis vum Service commercial a vun der Kontabilitéit vun Accessit Luxembourg S. à r.l. sécher ze stellen. Jiddwer privaten oder professionelle User huet zu all Moment d'Recht, seng perséinlech Kontakt-Donnéeën ze konsultéieren oder ze änneren oder hiert Läschen aus der Datebank vu Luxauto.Lu ze verlaangen.