Op Luxauto.lu goen

ARNAQUEN ÉVITÉIEREN

E Gefier an aller Sécherheet mat Luxauto.lu kafen a verkafen :
D'Protectioun vun onse User ass eng absolut Prioritéit.
Beim Akaf vun engem Gefier ass een awer net géint leit mat schlechten Absiichte geschützt, also sidd mësstrauesch an de folgende Situatiounen :
  • Dat si « gudd Affairen », déi ze gudd si fir wouer ze sinn.
  • Keefer, déi nëmme per E-Mail kommunizéieren an ni den Telefon ophiewen.
  • Keefer, déi den Auto net wëlle virdru gesinn.
  • Gitt nimools en Acompte.
  • Sidd mësstrauesch bei Leit, déi iwwert de Weekend boer bezuele wëllen. Mir roden Iech, well d'Banke jo samschdes a sonndes zou sinn, d'Geldschäiner an engem Geschäft, dat mat engem UV-Liesgerät équipéiert ass (z.B. an enger Librairie) iwwerpréiwen ze loossen.
  • Wann de Verkaf ofgeschloss ass, kënnt et fir dat Verkeefer d'Affer vun engem gefälschte Scheck gi sinn. Duerfir a acceptéiert NIMOOLS eng Bezuelung mat engem Scheck (esouguer certifiéiert). Wann Dir e Scheck bezuelt kritt (besonnesch aus dem Ausland) wou de Montant méi héich ass ewéi de vereinbarte Verkafspräis, dann handelt et sech sécher ëm Bedruch.
  • Maacht NIMOOLS e Virement fir d'Differenz ze bezuelen, well d'Chance si grouss, dat sech nodréiglech eraus stellt dat de Scheck geklaut oder gefälscht ass – esouguer wann Är Bank beim éischten Iwwerpréiwen näischt Suspektes fanne konnt.
  • Schéckt nimools Är Bank-Donnéeën un e Friemen, an och net Är gro Kaart per Post, E-Mail oder Fax.
  • Vergewëssert Iech dat dem Keefer säi Numm mat deem op der groer Kaart vum Auto iwwerenee stëmmt an dat et sech net ëm den Numm vun enger Leasing-Gesellschaft handelt.
  • Fir all Froe schreift w.e.g. un eiser Clientssupport : info@luxauto.lu.