Op Luxauto.lu goen

RECHTLECH INFORMATIOUNEN

PRIVATLEIT PROFESSIONNEL LEIT
Luxauto.Lu ass en Internetsite fir Annonce fir nei an Occasiounsgefierer.
Andeems Dir Iech bei Luxauto.lu enregistréiert, akzeptéiert Dir déi folgend Allgemeng Verkafsbedingungen.
Allgemeng Verkafsbedingungen fir Privatleit. :
1. Luxauto.lu bidd de private Useren d'Méiglechkeet, hier Annonce um Site ze publizéieren an déi vun senger Datebank aus affichéiert Offeren ze konsultéieren.
2. Déi vun engem private User publizéiert Annonce gëtt no engem grafeschen Traitement vun der/de Foto(e) vum Verkafsobjet automatesch online gesat. Jiddwer Annonce gëtt bannent 72 Stonnen online gesat.
3. All private Benotzer kann eng Annonce mam Lite Format gratis fir eng Period vun 30 Deeg asetzen, wann de Verkafspräis vum Gefier net méi wéi 14.998€ ass
4. Fir all Annonce, déi op Luxauto.Lu publizéiert gëtt, déi éischt 3 Fotoen ginn ugebueden. Dir kënnt bis zu 12 weider Fotoen setzen andeems Dir en "Photo Pack". Verschéckt. D'Fotoen, déi mat der Annonce kënnt, gëtt méi spéit ewéi d'Annonce selwer online gesat, dat hängt vun der Zäit, déi fir de Recadrage gebraucht gëtt.
5. Jiddwer User akzeptéiert, dass d'Donnéeë, déi hien ugëtt, an der Datebank vu Luxauto.Lu stockéiert ginn an op dem Site vu Luxauto.Lu affichéiert kënne ginn. Donnéeë, déi era gi goufen an als "maskéiert" indexéiert goufen, ginn net an den Annoncen uginn.
6. Luxauto.Lu behält sech d'Recht vir , ouni weider Formalitéiten d'Publizéieren vun Annoncen a senger Datebank ze refuséieren.
7. D'Publizéieren vun Donnéeën op Luxauto.lu entsteet e Posting vun enger Mindestdauer vun 30 Deeg (ausser d'Läsche vun der Insertion vum Annonceur).
8. D'Useren hunn d'Méiglechkeet, eng Annonce an de Limite vun der techneschen Disponibilitéiten mat Hëllef vun de Funktionalitéiten vum Site mat Hëllef vun de Funktionalitéite vum Site an dem Passwuert, deen si bei der Publikatioun vum Gefier kruten, ze annuléieren oder ze änneren. All Gefier, dat nei annoncéiert gëtt , behält déi Plaz, déi him an der chronologescher Reiefolleg vun den Annoncen zougedeelt gouf and zousätzlech Introduktioune gi suppriméiert esoubal si n der Datebank optauchen.
9. D'Datebank gëtt iwwert Luxauto.Lu géréiert an d'Adress an de Site sinn d'exklusiv Propriétéit vun der Gesellschaft Accessit s.à r.l., déi sech och em d'technesch Verwaltung, d'Exploitatioun sou wéi och ëm d'Redaktioun an d'Moderatioun këmmert.
10. Luxauto.Lu ass dem User vis-à-vis zu absolut net zu engem Resultat verflicht.
11. Luxauto.Lu behält sech d'Recht vir, d'perséinlech Donnéeën vun all User ze iwwerpréiwen an eventuell d'Enregistréiere vun Donnéeën a senger Datebank ze refuséieren. Am Fall vun engem Mëssbrauch oder der Benotzung vu falschen Donnéeën zum Nodeel vun Drëttpersounen, behält Luxauto.lu sech d'Recht vir, déi betreffend Persounen an/oder Gesellschaften vun der Benotzung vu senge Servicer auszeschléissen.
12. Jiddwer User dréit d'Responsabilitéit fir d'Wourecht an d'Rechtméissegkeet vu sengen Donnéeën déi hien an d'Datebank vu Luxauto.Lu era gëtt. Luxauto iwwerhëlt absolut keng Responsabilitéit fir Feele, déi de Verkeefer bei der Publikatioun vun Donnéeën oder vum Verkafspräis mécht.
13. Luxauto.Lu gëtt keng formell oder informell Garantie, wat den Inhalt vun den Annoncen ubelaangt, déi seng Usere geliwwert hunn, a Luxauto.lu leent all Responsabilitéit of.
14. Perséinlech Donnéeën, déi de User aginn huet, ginn net fir aner Zwecker stockéiert, wéi déi, déi néideg sinn fir eng reibungslos Funktiounsweis vum Service commercial a vun der Kontabilitéit vun Accessit s.à r.l. sécher ze stellen. Jiddwer privaten oder professionelle User huet zu all Moment d'Recht, seng perséinlech Kontakt-Donnéeën ze konsultéieren oder ze änneren oder hiert Läschen aus der Datebank vu Luxauto.Lu ze verlaangen.
Fir méi Informatiounen iwwer seng Rechter, kann de Benotzer eis Dateschutzpolitik liest: https://www.luxauto.lu/lu/servicer/vieprivee/.