Op Luxauto.lu goen

ACL

Diagnostic Center

Fir seng Servicer ze erweideren huet Luxauto sech mam Automobile Club (ACL), en unerkannte, fiabelen an neutrale Partner am Lëtzebuerger Milieu vun den Automobilen, zesumme gedoen.

Dr wëllt :

  • • den techneschen Zoustand vun der Occasioun, déi Dir ze kafen oder ze verkafe beabsichtegt, kennen ?
  • • an d'Vakanz fuere mat dem gudde Gewëssen, dat Ären Auto an engem einwandfräien Zoustand ass ?
  • • Ären Auto no engem schwéieren Accident flécke loossen ?
  • • e spezifesche Problem lokaliséieren, éier Dir bei e Garagiste gitt, fir onnéideg Käschten z évitéieren ?
  • • iwwert den Zoustand vun Äre Pneuen, de Bremsen an dem Luuchtesystem vun Ärem Auto Bescheed wëssen ?
  • • d'Leeschtung vun Ärem Gefier kennen ?

Da gëtt et nëmmen eent ze maachen :

Loosst Äert Gefier am ACL-Diagnostic Center iwwerpréiwen !

Nieft de partiellen Tester erlaabt den Diagnostic Center Iech och nach, Äert Gefier integral dank dem ACL Test ze kontrolléieren. .
Dëse kompletten test begräift déi folgend Kontrollen :

Bremsen - Suspensiounen - Direktioun - Rieder - Pneuen - Carrosserie - Luuchten – visuell Kontroll vum Motor - Zündung - Batterie – dynamescht Behuele vun den Zylinderen - Alternateur - Démarreur - Ofgasen - Motorleeschtung a Radleeschtung.

Zéckt net wann et ëm d'Fonctionnéieren an d'Sécherheet vun Ärem Auto geet. Huel e Rendez-vous beim ACL !

Den ACL Diagnostice Center ass op vu méindes bis freides vun 8.00 bis 18.00 Auer.

Tel. :  450045-1 oder 450045-6007

E-Mail : dc1@acl.lu

Méi doriwwer gewuer ginn : www.acl.lu