HEEFEG FROEN
PRIVATLEIT
PROFESSIONNEL LEIT
- 1. Ech sinn nach kee professionelle Partner op Luxauto.Lu, wéi kann ech dat ginn ?
- Kontaktéiert ons op www.luxautoPro.Lu An der Rubrik Partner ginn. Esoubal mir Ären ausgefëllte Formulaire krut hunn, schécke mir Iech Är Accès-Code per E-Mail. D'Aschreiwung ass gratis
- 2. Wéivill kascht eng Annonce op Luxauto.lu ?
- Fir all Fro iwwer Präisser schéckt w.e.g. eng E-Mail op dës Adress : pro@luxauto.lu
- 3. Wéivill Fotoe kann ech an dra sëtzen ?
- Dir hutt d'Méiglechkeet, bis zu 4 Fotoen dran ze sëtzen (Déi éischt Foto gëtt Iech mat Ärer Annonce offréiert).
- 4. Wéi laang bleift eng Annonce gülteg um Site ?
- Är Annonce bleift 16 Woche laang online. Duerno kritt Dir eng E-Mail, déi Iech erlaabt, Är Annonce ze aktualiséieren oder definitiv ze läschen.
- 5. Ech wëll gär perséinlech Informatiounen iwwer mäi Garage änneren.
- Dir kënnt Är Ännerunge maachen andeems Dir Iech op Äre perséinleche Kont connectéiert op www.LuxautoPro.Lu am Onglet « Info Partner »
- 6. Ech géif gär de Präis, d'Kilometerzuel a menger Annonce änneren
- Connectéiert Iech op Är professionell Interface op www.LuxautoPro.Lu a klickt op d'Annonce, déi Dir ännere wëllt.
- 7. Ech géif gär Publicitéit op Ärem Site Maachen, wéi muss ech mech do uleeën ?
- Schéckt ons eng E-Mail mat Äre Froen oder Commentairen op déi heiten Adress : pub@luxauto.lu. Duerno huele mir ganz séier Kontakt mat Iech op.
- 8. Ech erënnere mech net méi u meng Identifianten, wéi kann ech mer se nees besuergen ?
- Dir kënnt ons eng Demande fir nei Identifianten op déi heiten Adress schécken : pro@luxauto.lu.
- 9. U wie muss ech mech wenne wann ech Froen hunn ?
- Dir kënnt all Är Froen un de Konnendéngscht op dës Adress schécken : pro@luxauto.lu. Mir wäerte versichen, Iech esou séier ewéi méiglech ze äntwerten.
- 10. Wat muss ech maache, fir dat méi Garage am Classement vun deenen 20 wichtegste Stocken affichéiert gëtt ?
- Dëst Classement gëtt par rapport zu der Zuel vun den Annoncen, déi di lescht 20 Deeg op Luxauto.Lu publizéiert goufen, ermëttelt.