Luxauto - Jantes & Pneus

HEEFEG FROEN

1. Wéivill kascht eng Annonce op Luxauto.lu ?

Eng Annonce op Luxauto.lu ass gratisausser a deene folgende Fäll :
Wann den Immatrikulatiounsdatum vum Gefier, dat ze verkafen ass, manner ewéi 12 Méint ass.
Ab der zweeter Annonce, déi am lafende Joer publizéiert gëtt.

2. Wéivill Fotoe kann ech an dra sëtzen ?

Déi éischt Foto gëtt Iech mat Ärer Annonce offréiert. Dir hutt d'Méiglechkeet, bis zu 3 zousätzlech Fotoen ze publizéieren, déi musse bezuelt ginn, andeems Dir Iech op Äre perséinleche Kont "Mäi luxauto" connectéiert an Iech fir de Pak Fotoen aschreift.

3. Wéi kënnt et, dat meng Annonce net um Site affichéiert ass ?

Fir eng gesond a gudd organiséiert Datebank ouni Arnaquen ze garantéieren, préiwen ons Automobil-Experten all eenzel Annonce éier se definitiv aktivéiert gëtt.
Den Délai fir online ze goen läit doduerch tëschent 1 an 72 Stonnen.

4. Wéi kënnt et, dat meng Annonce um Site ouni Foto affichéiert ass?

Wann amplaz vun der Vignette, déi Äert Gefier representéiert, eng Ikon «A Bearbeschtung» affichéiert gëtt, dann heescht dat, dass Är Foto grad beaarbecht gëtt (Iwwerpréiwen an eventuell Recadrage). Duerno geet si séier online.',

Wann d'Ikon « Keng Foto » affichéiert gëtt, dann heescht dat, dat mir Är Foto aus engem oder e puer vun dëse Grënn net kruten. :
1. si war net am richtege Format (.JPG oder .GIF) ;
2. si war ze kleng (dat ideaalt Format ass 800 Pixel*600 Pixel) ;
3. si war vu schlechter Qualitéit ;
4. Dir hutt beim Schécken de Virgang ënnerbrach éier Dir d'Confirmatioun krut.
5. Op jiddwer Fall musst Dir d'Foto nach eng Kéier iwwert Ären perséinlechen Espace “Mäi luxauto” schécken.

5. Sinn ech verflicht, eng Foto ze publizéieren ?

Neen, mee Dir musst wësse, dass eng Annonce mat Foto(en) 4 mol méi oft konsultéiert gëtt ewéi eng Annonce ouni Foto. Gefierer mat enger Foto hunn deemno vill méi Chance fir séier verkaf ze ginn.

6. A wéi engem Format muss d'Foto sinn ?

D'Foto muss am JPG-Format oder am GIF-Format sinn.

7. Wéi laang bleift eng Annonce gülteg um Site ?

Eng Annonce bleift aktiv während 8 Wochen. Dir hutt d'Méiglechkeet, Är Annonce gratis bis zum Verkaf vun Ärem Gefier ze verlängeren.
Wann Dir Är Annonce läscht, a sief dëst iertëmlecherweis, da kascht et Iech e 9 € TVAC fir se eng zweete Kéier op Luxauto.Lu ze sëtzen.

8. Wéi kann ech meng Annonce suppriméieren ?

Connectéiert Iech op Äre perséinlechen Espace " Mäi luxauto". Klickt op d'Rubrik " MENG ANNONCE/N GÉRÉIEREN " an duerno op «Meng Annonce suppriméieren».

9. Wéi kann ech mäi Passwuert, dat ech vergiess hunn, récupéréieren?

De Login entsprécht Ärer E-Mail.
Wann Dir Äert Passwuert vergiess hutt , klickt op « Mäi Luxauto» am allgemenge Menü an duerno op «Passwuert vergiess».

10. Wat muss ech maache fir dat mäin Numm a meng Adress net um Site affichéiert ginn?

Décochéiert, wann der Är Annonce agitt, alleguerten déi Informatiounen, déi Dir net wëllt an Ärer Annonce affichéiert hunn.

Bijouterie.lu