Audi A6 50 TDI quattro S line | 286 PS | 65.000 km | 2. Hand | Lëtzebuerg
Ze verkafen ass e ganz schéinen a gefleegten Audi A6 50 TDI quattro S line mat 286 PS, Baujoer / éischt Immatrikulatioun 10/2021.
Den Auto huet 65.000 km, ass an 2. Hand a gouf reegelméisseg bei Audi servéiert. De komplette Servicehistorique ass bei Audi dokumentéiert an de leschte Service gouf bei 59.000 km gemaach.
Et handelt sech ëm e lëtzebuergescht Gefier mat enger ganz gudder an noverfolgbarer Historique. D’CT ass nach bis 02/2027 gëlteg.
Besonnesch interessant ass d’Kombinatioun aus dem staarken 3.0 V6 TDI mat 286 PS, quattro Allradantrieb an der sportlecher S line Ausstattung. Den A6 bitt souwuel e ganz héije Fuerkomfort op laange Strecken wéi och genuch Leeschtung, wann een et e bësse méi sportlech wëll.
Ausstattung ënner anerem:
• S line Interieur & Exterieur
• Vollleder-Interieur
• Elektresch Sëtzer mat Memory-Funktioun
• Audi Virtual Cockpit
• 360° Kamera mat 3D-Funktioun
• Anhängerkupplung
• Ofstandsregelung / adaptative Tempomat
• Spurhalteassistent
• Bremsassistent / Audi Pre Sense
• Tempomat
• S6-Look hannen
• quattro Allradantrieb
• a villes méi
D’Pneuen sinn och an engem ganz gudden Zoustand: nei Summerpneuen sinn montéiert. Zousätzlech ginn 4 Ganzjoerpneuen fir de Wanter mat dobäi.
Insgesamt e ganz schéinen an héichwäertegen A6 mat dem 3.0 V6 TDI, 286 PS, quattro, S line an enger kompletter Servicehistorique bei Audi.
Ideal fir een, deen e komfortablen, sportlechen an zouverléissegen A6 mat gudder Ausstattung sicht.
Besichtegung an Testfaart no Rendez-vous.
Privatverkaf. Feeler an Zwëscheverkaf virbehalen.